15-Jun-10 15:32
Enn vun der Saison 2009/2010
Déi lescht Trainingen fir d'Saison 2009/2010 sin Dënschteg den 13. Juli 2010.
Mir hoffen Ierch an der neier Saison zu dacks ërem ze gesin.
Schéi Vakanz an Merci fir Äert Vertrauen.
15-Jun-10 15:32
Enn vun der Saison 2009/2010
Déi lescht Trainingen fir d'Saison 2009/2010 sin Dënschteg den 13. Juli 2010.
Mir hoffen Ierch an der neier Saison zu dacks ërem ze gesin.
Schéi Vakanz an Merci fir Äert Vertrauen.
D'Associatioun Dance-Atmosphere Mersch as 2003 gegrënt gin mam Ziel fir Danzsporttrainingen an der Mierscher Gemeng unzebidden. D'Associatioun as Member vun der DanceSport Federation Luxembourg (DSFL) an schafft zesummen mam Nationaltrainer, dem Här Guy Rosen fir d'Organisatioun vun den Trainingen.
D'Trainingen, déi ënnert der Leedung vun engem vun der Federatioun unerkantennen Trainer en engem Assistenztrainer ofgehaal gin, sin fir Kanner vun 6 Joer un, Jugendlecher an Erwuessener. D'Trainingen riichten sech souwuel un Leit, déi Danzen als Hobby wëlle maan, souwéi u Leit déi actif un Danzsportturnéier wëllen deelhuelen. All nëtzlech Informatiounen iwwert d'Organisatioun vun den Trainingen fannt der hei.
D'Associatioun organiséiert Danzsportturnéier zu
Miersch an hëlleft aanere Memberen vun der DSFL an der Organisatioun vun nationalen Manifestatiounen am Kader vum Danzsport. D'Memberen aus deenen verschiddenen Trainingsgruppen vun der Associatioun beweisen hiert Kënnen och am Kader vun Optrëtter bei Manifestatiounen.
Kommt laanscht kuken a probéiert einfach eng Kéier op engem gratis Schnuppertraining.
Mir stinn Ierch jidderzäit fir weider Renseignementer zur Verfügung.
Guy Simon
President Dance-Atmosphere Mersch